No zwou ganz gelongenen Editiounen installéiert de „Big Bang Festival“ sech erëm am neimënster a verwandelt dës Plaz e ganze Weekend laang vun 11.00 bis 18.00 an eng riseg Plaz fir ze spillen an ze entdecken fir Kanner ab 5 Joer. Interaktiv Spektakelen, visuell Concerten a musikalesch Installatiounen: de „Big Bang Festival“ entfaalt seng originell a poetesch Universumen, déi de jonke Public verzauberen.
Méi Informatiounen
- Komplette Programm a Reservatioun: www.neimenster.lu – Tél.: (+352) 26 20 52 1