Dee säit 2010 organiséierte “Clowns in Progress”-Festival an der Escher Kulturfabrik huet als Zil, d’Clowne-Konscht ze ënnerstëtzen an ze fërderen – eng Konscht, déi ënnerschat gëtt a vill ze dacks mat Spidols-, Gebuertsdags- an Ënnerhalungsclowns gläichgesat gëtt. Bei deene verschiddene Veranstaltungen (Shows, Masterclasses, Ausstellungen, Filmer asw.) kënnen Interesséierter aus allen Altersgruppen d’Clownen vun haut treffen – Kënschtler mat ville Facetten, déi all méiglech Rencontren mat der duerstellender Konscht bidden.

De “Clowns in Progress”-Festival geet vum 6. bis de 16. Oktober iwwer d’Bün, e puer Veranstaltunge sinn och fir Kanner gëeegent. Besonnesch de “Concert fir zwee Clownen” vun Les Rois Vagabonds den Donneschdeg, 14. Oktober ëm 20.00 am Escher Theater. Vun a mat Igor Sellem a Julia Moa Caprez.

Informatioune fir d’Elteren:

  • De Spektakel ass fir Persounen ab 8 Joer, kënnt ganz ouni Wierder aus an dauert ongeféiert 70 Minutten.
  • Kontakt & Kaartereservéierung: (+352) 27 54 – 5010 oder – 5020.
  • D’Adress vum Escher Theater ass déi hei: 120, Rue de l’Alzette, L4010 Esch-sur-Alzette.
  • Méi zum “Clowns in Progress”- Festival gëtt et hei