No méi wéi engem Joer Corona wëllen De Kapitän Mullebutz a seng Matrousen nees Gas ginn. Si hu schlëmm no de klengen a grousse Pirate verlaangert a si lo net méi ze bremsen, fir zesummen eng grouss Party ze feierenDanzen, Sangen, Sprangen… a gutt Laun stinn um Programm! Och d’Madame Li ass nees derbäi a freet sech, dass d’Matrouseband an de ganze Publikum a Form kënnt.

Den zweeten Deel vun der erfollegräicher Iddi, flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock- a Popsongs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze sangen, ass no deem laange Lockdown nees zeréck op Tournée. De Kapitän an de Steiermann hunn Toplidder, souwéi deen een oder aneren neie Song an de Programm geholl. Et versprécht e grousse Spaass ze ginn. Fir déi Leit, déi net esou gutt héiere kënnen, hu si eng nei Séisswaassermatréisin u Bord, déi dem Kapitän säi Gebraddels a Gebäerden iwwersetzt.  

Weider Informatiounen  

  • Virstellunge sinn de Sonndeg 19. Dezember um 11.00 an um 15.00 an de Méindeg 20. Dezember um 16.00.  
  • De Spektakel op Lëtzebuergesch dauert ronn 60 Minutten a riicht sech un de Publikum am Alter vu 4 bis 9 Joer.  
  • Reservatiounen: 27 54 – 5010 oder – 5020 oder www.theatre.esch.lu  
  • Präisser: 12 Euro Volltarif, jonk Leit: 6 Euro, Kanner: 3 Euro