D‘Helene kann iwwerall Musek ervir zauberen. Alles kléngt. Och dem Alex oder dem Mirella säi Kierper mécht Geräischer, wann d‘Helene drop tuppt. D’Alex oder d’Mirella beweegt sech, hatt danzt ouni op d’Tuppe vum Helene ze waarden. D’Helene sicht doropshin no aner Weeër fir Musek ze maachen. En besonnescht Zesummespill tëschent Danz a Musek entsteet. D‘Musek reagéiert op den Danz an den Danz op d’Musek. En Dialog vu Stëmmungen, Konflikter an Frëndschaft entwéckelt sech zu enger wonnerbarer Atmosphär. E Fest fir d’Aen an d’Oueren. Déi hollännesch Danzkompanie De Stilte ass spezialiséiert op Produktiounen fir déi ganz Kleng.

Informatiounen fir d’Elteren

  • D’Virstellung ass den 3. Oktober um 16.00 an der Abtei Neimënster an der Stad.
  • De Spektakel riicht sech u Kanner vun 2 bis 6 Joer.
  • Tariffer: 12 Euro Normaltarif, 6 Euro reduzéiert, 1,5 Euro mat Kulturpass.
  • Reservatioun: Tel: +352 262052 1 oder Mail: billetterie@neimenster.lu