Geschwënn huet de Kleeschen all Hänn voll ze dinn. Well hie muss jo Kaddoe liwweren a vill Kanner treffen. Op ville Plaze vum Land kanns du den hellege Mann a seng Gehëllefen treffen. Zum Beispill den 3. Dezember an der Foussgängerzon zu Ettelbréck (14.00 – 18.00), den 3. Dezember zu Beetebuerg (ab 15.00 bei der Gare), den 3. Dezember op der Maartplaz zu Gréiwemaacher (ab 14.30). Den 3. Dezember op der Maartplaz zu Déifferdeng (ab 14.00). Den 3. Dezember zu Dikrech (am Nomëtteg). Zu Réimech kënnt de Kleeschen esouguer mam Schëff de 4. Dezember um 14.00. An der Stad gëtt et eng faarweg Kleeschens-Parad de 4.Dezember ab 15.00 vun der Paräisser Plaz aus. E Cortège gëtt et de 4. Dezember och zu Diddeleng (ab 14.30 ab der Route de Burange).