De „Lëtzebuerger Adventscircus“ ass zréck mat sengem Programm vun Akrobatien, Humor an diverse Performancen. Magesch Personnagen an iwwerraschend Déierefiguren huelen de Public mat an eng Welt voller Wonner mat Kënschtler a faarwege Kostümer, eng visionär Zeenebeliichtung an emouvant Touneffekter. Um Programm vun dësem Spektakel: Akrobaten, Clownen a Acteuren, déi Grouss a Kleng ameséieren. De „Cirque du Lux“ huet sech mat enger Grupp Akrobaten, Dänzer a Sänger aus der Ukraine associéiert. Sou wëlle si e Message vu Solidaritéit a Fridde ginn. Nieft den traditionelle Virstellungen proposéiert de „Cirque du Lux“ och zu verschidden Datumer „Kidsshows“, e Kuerzprogramm fir Kanner vu 4 bis 12 Joer.

All Detailer a Reservatioun op www.cirquedulux.com