Et ass em net méi duergaangen, einfach nëmmen e Mann ze sinn. E Mann, den all Dag schaffe goung, a senger Fräizäit Fussball gespillt huet an doheem d’Tëlé gekuckt huet. Hie wollt op enger Wiss stoen an eng hell Faarf dora sinn… Enn Januar ass an de Rotondes d’Geschicht vun engem Mann ze gesinn, dee sech traut, aus sengem Alldag auszebriechen an Neies ze woen fir erauszefannen, wien hien ass a wat hie glécklech mécht. An hirer Inzenéierung befaasst sech d’Compagnie toit végétal der Billerbuchvirlag mat engem Theaterusaz, dee Sprooch, Biller, Musek, Kläng a Geräischer zu enger Live-Film-Performance verwiewt.

Weider Informatiounen

  • D’Virstellunge fanne de 27. an 29. Januar um 15.00 statt, an och den 29. Januar um 17.00 an den 30. Januar um 11.00 an um 15.00.
  • Et ass e Spektakel vu ronn 45 Minutten op Däitsch fir Kanner ab 6 Joer.
  • D’Entrée kascht 6 Euro fir Persounen bis 26 Joer an 12 Euro fir méi al Zuschauer.
  • Infos a Reservatioun: www.rotondes.lu