Matten an Däitschland läit eng Stad, déi Hameln heescht. An d’Awunner begréisse sech frëndlech a beschäissen sech och net ze vill hannert dem Réck. Mee du verschwannen iwwer Nuecht Saache wéi Petit-Fouren, Kéis oder Wirschtercher. De ganze Gemengerot leet d’Stir a Falen a mécht sech grouss Suergen… No deem groussen Erfolleg vu sengem “Rotkäppchen”, dat iwwert 300 Mol a ganz Europa gewise gouf, daucht den Dan Tanson nees eng Kéier an déi magesch Welte vun de Bridder Grimm. “De Ratefänkert vun Hameln” ass eng spannend Mëschung vun der Originalgeschicht an zäitgenëssescher Situatiounskomik, dëst zesumme mat Live-Musek a fantasievollen Illustratiounen.

Weider Informatiounen

  • De Spektakel geet Sonndes, de 24. Oktober um 10.30 iwwert d’Bün.
  • Tarif: 10 € / Reduzéiert: 6 €.
  • Billjeeën: 26 34 73 1.
  • Alter: 5-10 Jahre.
  • Dauer: +/- 45 Minuten.
  • Sprooch: Lëtzebuergesch.
  • Den Theater-Spektakel ënnerläit dem CovidCheck-Regime (Schnelltester si gratis op der Plaz méiglech).
  • Méi op www.khn.lu