E rouegt Liewen um Duerf, méi wëllen de verdreemte Bard Balduin a säin Noper Onkel Fritz net. Mee do gëtt et och nach den duerchdriwwenen Af Fipps. Op Franséisch parléierend stolzéiert dee Männchen duerch d’Duerf. Wéi de Fipps och nach den Onkel Fritz an de Balduin austrickst fir un eng hallef Banann ze kommen, geet et deenen zwee duer. Zesumme probéiere si dem schlauen Af eng Fal ze stellen. Mat vill Witz erwächt d’Compagnie Le Grand Boube d’Figure vum Wilhelm Busch erëm zum Liewen. Wilhelm B. ass eng lëtzebuergesch Produktioun vun der “Compagnie du Grand Boube” an däitscher Sprooch ënner anerem mam Pitt Simon, Rosalie Maes a Franz Klee an enger Inszenéierung vum Carole Lorang.

Am Kader vun de Virstellunge vun Wilhelm B. bitt den Escher Theater och e Workshop vum 3. bis 5. November, bei dem déi jonk Participante (7 bis 11 Joer) Spiichten erfannen an se op der Bün spillen. Theaterpedagogesch Leedung: Linda Bonvini.

Méi Informatiounen

  • Adress: 120 Rue de l’Alzette, L4010 Esch-sur-Alzette
  • Virstellungen: Samschdes 23. Oktober 2021 16:00 a Sonndes 24. Oktober 2021 11:00. Ab 6 Joer. Sprooch: Däitsch. Vollen Tariff: 12 Euro, 3 Euro fir Kanner. Tickets ënner: (+352) 27 54 – 5010 oder – 5020
  • Datumer vum Workshop: Mëttwoch 3. November 2021: 14:00 – 16:00, Donneschdeg, 4. November 2021: 14:00 – 16:00, Freideg, 5. November 2021: 14:00 – 16:00. Umeldung fir de Workshop soulaang Plazen disponibel sinn, hei: ateliers.theatre@villeesch.lu Präis: 15 Euro.
  • Kuckt och hei.