Déifferdeng zelebréiert seng Diversitéit scho fir d’21. Kéier. De Festival des cultures (fréier: Festival Multikulti) den 21. an 22. Mee ass d’Geleeënheet fir eng Weltrees ouni grouss Ausgaben ze maachen mat der Präsens vu ville Kënschtler, divers kulturell Stänn, déi vill ze bidden hunn an natierlech Goûten vun der ganzer Welt. An der Foussgängerzon fënnt een en neien Espace, dee méi heemeleg a pedagogesch ass. Kleng a Grouss si wëllkomm fir de Räichtum vun de Kulturen ze entdecken! De Programm gëtt et op www.differdange.lu