De Bopa Bert huet net vill Geld. En ass Dichter. An u seng Geldreserve geet en net. Déi gëtt hie gär weider. U seng Enkelen. Dat war schonn ëmmer esou. Aarm bleift aarm a räich bleift räich. Mee wéi näischt méi geet a fir de Bopa a seng dräi Enkelen d’Nout am gréissten ass – do fält de Sou. A näischt bleift, wéi et war. Saache verännere sech. D’Welt steet Kapp. Onméigleches gëtt méiglech. An de Bopa Bert an d’Fleegerin dréie sech laachend am Wand. “Der Dreigroschenopa” ass en ergräifend Theaterstéck iwwer Kanneraarmut a Familljenzesummenhalt – mat vill Musek, Witz an Déifgang. Ze gesinn e Sonndeg, 28. November um 16.00 am Cube 521 zu Maarnech.

Weider Informatiounen

  • Eng Koproduktioun vum Theater Mummpitz an dem TAK Theater Liechtenstein.
  • Fir Kanner ab 6 Joer. Adress: Cube 521, 1, Driicht, L-9764 Marnach – www.cube521.lu
  • Informatiounen a Reservatioun: 352 521 521 / info@cube521.lu
  • Vollen Tarif: 12 Euro. Gruppentarif: 10 Euro. Ënner 26 Joer: 6 Euro.