Wie kennt net d’Geschicht vum jonken Zauberer mam ronne Brëll an der wäisser Eil, dee ganz Generatiounen vu London mat op d’Zaubererschoul vun Hogwarts geholl huet? Rieds ass vum Harry Potter, enger vun de bekanntste Figuren aus der Kanner- a Jugendliteratur.  Den Harry Potter an den Alchimistesteen ass déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun der Schrëftstellerin J.K. Rowling hirem Welt-Bestseller. An Zesummenaarbecht mat der Iwwersetzerin Florence Berg huet d’Kairos Edition déi zwee éischt Bänn op Lëtzebuergesch publizéiert an elo och d’Lauschterbuch vum éischte Band erausbruecht, virgelies vum Schauspiller Steve Karier.

Fir dës ganz magesch Welt erkléngen ze loossen an de Public mat op d’Rees vun den Hexen an Zauberer ze huelen, liest de Steve Karier ufanks Dezember am Trifolion zu Iechternach aus dem Harry Potter an den Alchimistesteen. Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.  

Weider Informatiounen 

  • D’Liesunge si vu 7 Joer un. Si dauere 60 Minutten ouni Paus.  
  • Si sinn de 5.12. um 11.00 a 14.30 an de 7.12. um 14.30. 
  • Den Entrée kascht 8 Euro. 
  • Reservatioun: Telefon 267239201, E-Mail: e.dopfeld@trifolion.lu 
  • Déi kleng Hexen an Zauberer kënne gären verkleet an den Trifolion kommen
  • Méi op www.trifolion.lu