Säit dem 2. September kann een Ticketen kafen fir déi véier éischt Spektakelen an dëser Saison an de Rotondes. Et erwaarden Iech interessant Artisten vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun! Informatiounen fir d’Visitt:

  • Ënnert 26 Joer kascht d’Entrée 6 Euro, iwwert 26 Joer kascht et 12 Euro.
  • D’Réservatiounen kënnen um Site selwer hei gemaach ginn oder iwwert den Telefon +352 2662 2030 Dë-Fr 13h30-18h30). Just fir den Spektakel Manta gëllt dëst net!
  • Déi Abonéiert vun der Saison 20/21 hu Prioritéit, dofir sinn d’Plazen limitéiert.
  • Bei all den Spektakelen handelt et sech em CovidCheck-Eventer, Dir gitt also gebieden ären Certificat bei der Entrée virzeweisen (op Pabeier oder digital) oder een Schnelltest op der Plaz ze maachen (ab 6 Joer). Méi Informatiounen zum CovidCheck fannt Dir hei.

HOP! TROUVE!

  • Vum 24. bis 27. September.
  • Spektakel / Ciné-Concert vum Label Caravan vu Rennes (Frankräich).
  • Dëst Event ass fir Kanner ab 3 Joer.
  • Dat Ganzt dauert ongeféier 40 Minutten.
  • Een Austausch mat den Artisten fënnt nom Spektakel statt (10 Minutten).
  • Méi Informatiounen fannt Dir hei.
  • Dir kënnt och d’Internetsäit an d’Facebook-Säit vum Label Caravan consultéieren: www.labelcaravan.com/ oder www.facebook.com/labelcaravan.

Willkommen, bienvenue, wëllkomm!

  • Vum 3. bis 4. Oktober.
  • Spektakel / musikalescht Theater vun de Rotondes (Lëtzebuerg).
  • Dëst Event riicht sech u Kanner ab 2,5 Joer.
  • Dat Ganzt dauert ongeféier 40 Minutten.
  • Et sinn heifir keng besonnesch sproochlech Kompetenzen néideg.
  • Méi Informatiounen fannt Dir hei.

Manta

  • Vum 6. bis 10. Oktober.
  • Spektakel / musikalesch Performance & Installatioun vun Klankennest aus Gand (Belsch).
  • Reservatiounen per e-mail: tickets@rotondes.lu oder per Telefon: +352 2662 2030 (Dë-Fr 13h30-18h30).
  • Dëst Event riicht sech u Kanner vun 0,5-2 Joer.
  • Dat Ganzt dauert ongeféier 45 Minutten.
  • Dobäi sinn 15 Minutten musikalesch Entdeckung.
  • Méi Informatiounen fannt Dir hei.
  • Dir kënnt och d’Internetsäit an d’Facebook-Säit vum Klankennest consultéieren: www.klankennest.com/ oder www.facebook.com/people/Klankennest-Soundnest-Nid-sonore/100063562932837/.

Le grand voyage de Georges Poisson

  • Vum 21. bis 26. Oktober.
  • Spektakel / Theater mat Géigestänn vun Cie Arts & Couleurs vun Theux (Belsch).
  • Dëst Event riicht sech u Kanner ab 6 Joer.
  • Dat Ganzt dauert ongeféier 45 Minutten.
  • Den Spektakel ass op Franséisch, et ass also e gutt Verständnis vun der Sprooch néideg.
  • Méi Informatiounen fannt Dir hei.
  • Dir kënnt och d’Internetsäit vun Arts & Couleurs consultéieren: www.artsetcouleurs.be/.