Schmökeren a spillen ënner fräiem Himmel: “D’Stad liest” heescht et vum 18. August bis den 12. September am Bannenhaff vun der fréierer Nationalbibliothéik an der Rue Notre Dame. Ënnert dem majestéitesche Bam huet d’”Cité Bibliothèque” eng Bibliothéik ënner fräiem Himmel ageriicht, déi zum Bliederen a Bicher, Zäitschrëften oder och Zeitungen aluet.

Dës Pop-Up-Bibliothéik ëmfaasst och e Beräich fir Kanner. Um Programm sti Liesungen mat Auteurinnen an Auteuren aus Lëtzebuerg an dem Ausland. E puer Nuetsveranstaltungen sinn och geplangt. Wärend dem “Bichermount” steet all Woch ënner engem anere Motto. Sou ass dës Woch d’Woch vun der Gastronomie, d’Woch vum 24. bis den 29. August steet ënnert dem Motto Manga & Comic, d’Woch vum 31. August bis de 5. September ënnert dem Motto vun der Diversitéit an an der Woch vum 7. bis den 12. September steet d’Reesen am Mëttelpunkt. Am “Mäi klenge Spillbuttek” ginn et ausserdeem kleng Gesellschaftsspiller fir Kanner ze kafen.

Méi Informatiounen

  • “D’Stad liest” ass vum 18. August bis den 12. September all Dag vun 11.00 bis 18.00 op ausser méindes.
  • Den Zougank zum allgemenge Liesberäich ass fräi soulaang Plazen do sinn.
  • En Iwwerbléck iwwer de ganze Programm gëtt et hei
  • De Kartevirverkaf fir d’Theemenowender an d’Liesungen fënnt hei statt.