De Bartok an de Pipp wëllen endlech mat hirer Fitnessstonn ufänken, mee do sinn déi komesch Geräischer vun den Noperen. Déi zwee spëtzen d’Oueren a lauschteren un der Mauer. Déi komesch Geräischer a Kläng si Musek, a wat fir eng! Zesumme fänken déi zwee un, sech zu dëser nei entdecktener Musek ze beweegen. No an no fält d’Mauer zu den Noperen a jiddereen danzt schliisslech zur wonnerschéiner Musek vum Wolfgang Amadeus Mozart… Aerobic a Klassik verschmëlzen zu engem lëschtege Spektakel. E musikalescht Theaterstéck vum Ensemble Traffik Klassik fir déi ganz Kleng (3-7 Joer) an hir Elteren. D’Virstellunge sinn de 14. November um 11.00 an um 15.00.

Weider Informatiounen

  • Adress: 20 Rue de l’Alzette, L4010 Esch-sur-Alzette.
  • Dauer vum Spektakel, dat ganz ouni Wierder auskënnt: ronn 45 Minutten.
  • Präisser: Volltarif 12 Euro, Jugendlecher 6 Euro, Kanner 3 Euro.
  • Billjeeën ënner: (+352) 27 54 – 5010 oder – 5020