D’Mina wunnt an engem Schlass, an dem och schonn de Ludwig van Beethoven als Gaascht vum Fürst Lichnowsky gewunnt huet. Dem Mina säi Frënd Viktor, e faarweg a gutt gelaunte Fabelwiesen, wunnt scho säit laanger Zäit am Schlass an huet de Ludwig van Beethoven héchstperséinlech kenne geléiert. En huet esouguer zesumme mat dem grousse Komponist musizéiert a gesongen a kann déi eng oder aner spaasseg Anekdot erzielen. Mee wéi en dem Mina seng Liblingsmelodie virsange wëll, weess en op eemol net méi wieder… Zesumme mat de Kanner begi sech d’Duersteller de Sonndeg, 14. November um 10.30 op d’Sich no der vergiessener Melodie. Vläicht kann de Mound wieder hëllefen?

Weider Informatiounen

  • Adress: 145, route de Trèves, L-6940 Niederanven.
  • De Spektakel ass fir Kanner tëschent 3 a 6 Joer geduecht, gëtt op Lëtzebuergesch an an däitscher Gebäerdesprooch opgeféiert an dauert ronn 50 Minutten.
  • Tarif: 10 Euro, reduzéiert: 6 Euro.
  • Billjeeën: 26 34 73 1 oder per Mail: info@khn.lu.
  • Den Theater-Spektakel ënnerläit dem CovidCheck-Regime (Schnelltester si gratis op der Plaz méiglech).