Et war eemol… dräi Clownen, déi sech an der Welt vun haut veriirt hunn, enger Welt, déi net méi zu hinne passt, awer och guer net méi! Ouni Aarbecht an op der Strooss, sehnsüchteg no enger Zäit, an der de Kënschtler mat der rouder Nues ouni Konkurrenz iwwer déi jubiléierend Massen geherrscht hunn, klaken onsen dräi Antihelden d’Paarte vun der Zäit an d’Gesiicht. Mee an dësem tragikomesche Spektakel mecht d’Péng schnell Plaz fir d’Freed an déi hoffnungslos periméiert Witzer gi super komesch.

Weider Informatiounen

  • D’Opféierung ouni Wierder ass fir e Publikum vu 7 Joer an dauert ronn eng Stonn.
  • Reservatioun: Tel. (+352) 27 54 – 5010 oder – 5020 oder op theatre.esch.lu
  • Vollpreis: 20 Euro (Kat. 1) oder 16 Euro (Kat. 2), Jugendliche: 9 Euro (Kat. 1) oder 8 Euro (Kat. 2), Kinder: 4,5 Euro (Kat. 1) oder 4 Euro (Kat. 2).