De Veräin Brixembourg hat sech als Zil gesat, Legoen zu Lëtzebuerg an awer och an der Groussregioun méi bekannt ze maachen a gläichzäiteg ze weisen, wat een alles domat ufänke kann. Dofir organiséiere si säit 2019 de Brixembourg, wou Fans vun de klenge Bausteng aus allen Alterskategorien zesumme komme kënnen. Op méi wéi 1000 m2 weise méi wéi 30 Aussteller a Verkeefer aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an der Belsch, verschiddener souguer aus Groussbritannien an frn USA wat si hunn. Hei kann een och ganz rar Stécker fannen, wann een nëmme gutt genuch kuckt! Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt an niewent deem grousse Concours wou ee matmaache kann, gëtt et wéi all Joer hei och erëm ee speziellt Sammelstéck an eng Sammelfigur vum Brixembourg.

Méi Informatiounen

  • De 4. Juli 2022 vun 11.00 bis 17.00 an de 5. Juli 2022 vun 10.00 bis 17.00. Adress: Centre polyvalent Gaston Stein 1, rue Emile Nilles L-6131 Jonglënster.
  • Ee grousse Parking virun der Dier ass fir d’Visiteuren disponibel. Kontakt: Mail: brixembourg@yahoo.lu ; Telefon vun der Gemeng Jonglënster: +352 78 72 72 1.
  • Den Entrée kascht 5 Euro fir Erwuessener an 3 Euro fir Kanner. Weider Informatioune fannt Dir op der Facebooksäit vum Brixembourg.