De 17. September ass et erëm souwäit: am Häerz vun der Haaptstad gëtt den neien Theater- an Danzprogramm vun der nächster Saison virgestallt. Et ass d’Geleeënheet fir Theaterfrëndinnen a -frënn, sou wéi Danz- an Theaterinteresséierter vun all Alter an d’Eventer eranzeluussen an op lieweg Kënschtler ze treffen. Fir déi Kleng gëtt et Facepainting, déi Grouss kënnen d’Programmer vun den Theateren entdecken…

De Freideg 17. September, treffen Theater, Kulturzentren, Theater- an Danzkompanien, wéi och Kënschtlerinnen a Kënschtler an Technnikerinnen an Techniker vum Grand-Duché am Zentrum vu Lëtzebuerg op Amateuren vum Spectacle vivant, Familljen a Passanten vun all Alter, fir d’Theater- an Danzsaison 2021/22 ze starten. Op der Plaz Émile Hamilius, dem Häerz vun der Haaptstad, kënnen Visiteuren den bonte Programm vun der THEATER FEDERATIOUN entdecken. No véier erfollegräiche Joren am Stadzentrum, setzt d’Veranstaltung erëm op den direkte Kontakt mat den Visiteuren.

Am Kader vun der offizieller Erëffnung vun der Theater- an Danzsaison zu Lëtzebuerg, luede kulturell Acteuren a Vertrieder vun Theateren, Kulturzentren a Kompanien de Publikum an, op hire Stänn ze diskutéieren, Kontakter ze knäppen a virun allem déi nächst Saison ze entdecken.

Kontakter knëppen

Vu 14.00 bis 18.30 kënnen Danz- an Theateramateuren mat Kënschtlerinnen a Kënschtler an Technikerinnen an Techniker zesummentreffen, déi si normalerweis op an ëm d’Bün ronderëm gesinn, wärend potenziell Theateramateuren an Virwëlzeger d’Programmer a Broschüren vun den verschiddenen Institutiounen kafe kënnen. Egal ob Dir nëmmen e puer Minutten Zäit hutt, op ee Bus oder en Tram un engem Arrêt nobäi waart, nëmmen laanscht scharjeekelt oder méi laang um Theaterfest bleiwe wëllt – jiddereen ass wëllkomm. D’Veranstaltung ass eng ideal Chance déi Mënschen ze treffen, déi den Spectacle vivant zu Lëtzebuerg lieweg maachen. Kommt an trefft si, frot si no hirer Saison, hire nächste Projeten, hirer Aarbecht, hirer Visioun vun Theater an Danz…

Musikalesche Nomëtteg

Déi dräi Museksgruppen La Fanfare Couche-Tard, Ça Gaze an Les Frères Lapoisse wäerten dee ganzen Nomëtteg iwwer d’Veranstaltung mat hirer “monterer, staarker Balkan-Volleksmusek”, hirem “franséischen Marschmusek-Trio” an hirem “Zwee-Mann-Rock’n’roll-Folklor” beliewen.

Face Painting

De ganzen Nomëtteg iwwer kënne sech Grouss a Kleng vun der Maskenbildnerin MADmoiselle schminke loossen, wat mat Freed Gesiichter, Äerm a souguer Handrécker zu theatraleschen, feenhaften oder déierenhaften Theeme schminke wäert.

Praktesch Informatiounen

  • Datum: Freideg, 17. September 2021. Zäiten: vu 14.00 bis 18.30.
  • Plaz: Place Hamilius, Lëtzebuerg-Stad
  • Concerten: 14.00: La Fanfare Couche-Tard; 15.30: Ça Gaze; 17.00: Les Frères Lapoisse.
  • Face Painting: 14.00 bis 18.30: MADmoiselle.
  • D’Veranstaltung ass gratis an oppen fir jiddereen.
  • Méi op www.theater.lu