Egal op Pop, Rock, Hip-hop, Urban, Electro, Metal oder eppes aneres, all Museksstil ass op dësem Festival fir jonk Talenter wëllkomm! Schéckt är Iddi zum Thema vun dësem Joer “I want to break free” eran a gewann vläicht een “Artist Package”.

Mat dësem Gewënn krit dir: eng Opnam am Rockhalstudio mat engem Produzent, en Videoclip mat engem professionellen Regisseur, Gesangs- a Bünencoaching, en Realease Event an/oder eng Rocklab Session an nach vill méi.

D’Gewënnerin oder de Gewënner gëtt vun enger Jury aus lokale Museksexperten, Artisten a Media Partneren ausgewielt.

Informatiounen fir d’Participanten:

  • Fir jonk Museker vun 12 bis 25 Joer.
  • Mellt iech Solo oder als Band.
  • Thema vun dësem Joer: “I want to break free”.
  • Schéckt är Iddi bis den 24. September 2021 eran um Internetsite hei (Rubrik Song Contest).
  • Bei Froen, riicht iech un: screamingfields@rockhal.lu ; 24555-611 ; www.rocklab.lu.
  • Adress: 5, Avenue du Rock’n’roll L-4361 Esch-Uelzecht.
  • Hei fannt dir och nach weider Informatiounen: www.screamingfields.lu/.