D’Choreografin Catherine Dreyfus erzielt a sengem Theaterstéck “Le mensonge” d’Geschicht vun engem klenge Meedchen, wat sech Owes mat enger grousser Ligen an d’Bett leet. Moies beim Opstoen ass déi Ligen nach ëmmer do a léist et net lass! An enger Welt voller Halluzinatiounen, Dreem an Obsessioun, an déi de Spectateur entfouert gëtt, kënnt d’Meedchen aus senger Gefaangenschaft erëm eraus well et vill Mutt a Léift fir seng Elteren huet. D’Wouerecht kënnt eraus an d’Meedche kann endlech duerchotmen!

Méi Informatiounen

  • Den 30. Abrëll 2022 um 16.00. Adress & Kontakt: Escher Theater 120, rue de l’Alzette L-4010 Esch-Uelzecht ; Telefon: +352 27 54 40 50.
  • Fir Kanner vun 3 bis 7 Joer.
  • D’Stéck dauert ongeféier 40 Minutten an ass ouni Wierder.
  • Et ginn 2 Präiskategorien: Kategorie 1: Erwuessener 12 Euro, Jugendlecher(< 26 Joer) a Student*innen 6 Euro a Kanner (<12 Joer) 3 Euro; Kategorie 2: Erwuessener 10 Euro, Jugendlecher(< 26 Joer) a Student*innen 5 Euro a Kanner (<12 Joer) 2,50 Euro D’Tickete kann een hei reservéieren.