“Die Mobilés”, déi bekannte Grupp aus Köln (Däitschland) déi beim franséische Concours “La France a un incroyable talent” 2012 gewonnen hunn a schonn bei ville Festivallen matgemaach huet, presentéiert hier Virféierung “Moving Shadows” zu Ettelbréck. Déi weltwäit Spezialisten am Schietertheater entféieren d’Spectateuren an eng Fantasiewelt voller Poesie, verschidden Déieren, Landschaften a Monumenter, déi si mat Hëllef vun der Luucht an de Schieter duerstellen. Eng Rees duerch d’Imaginatioun an d’Wonnerland.

Méi Informatiounen

  • Den 30. Abrëll 2022 um 20.00. Adress: CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck 1, Place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbréck. Kontakt: Telefon: +352 26 81 21 1 ; Mail: mail@cape.lu.
  • D’Virféierung dauert ongeféier 1 Stonn a 50 Minutten an ass ouni Wierder. Fir Kanner ab 6 Joer.
  • Erwuessener bezuelen 36 Euro Entrée, Jugendlecher (< 26 Joer) bezuelen 18 Euro a mam Kulturpass bezilt een 1,50 Euro. D’Tickete kënnt Dir hei kafen.
  • Fir weider Informatiounen, consultéiert de Site vum CAPE.