Den Moie wou d’Emma säin 12. Gebuertsdag soll féieren, steet hat op an freet sech schonn op säi Gebuertsdagskuch. Mee seng Elteren, a säi klenge Brudder sinn net do. Anscheinend si Sie an d’Vakanz, erzielt dem Emma, en Inspekter dee sech lues a lues an eng Méck verwandelt. Hien erkläert dem Meedchen och, dass hat ab elo ënner Arrest steet, an hien op hat wäert op passen. Dëst Stéck inspiréiert sech um Kafka sengem Roman Prozess an ass eng Fabel iwwert de Fräie Wëllen, an d’Hannerfroen vu Fakten déi scheinbar onuntaaschtbar sinn. D’Emma huet et sengem staarke Wëllen ze verdanken dass hat mat der Erfarung wiisst an entdeckt wat Fräiheet ass.

Weider Informatiounen

  • D’Stéck ass fir Kanner ab 11 Joer. Op Lëtzebuergesch.
  • Dauer: ongeféier 45 Minuten.
  • Eng Bombyx Produktioun. Co-produktioun: opderschmelz, Rotondes, Cube 521
  • Info: D’Virstellunge vum 15.11. em 10.00 a vum 16.11. em 10.00 si komplett. Virstellunge sinn och den 16.11. em 20.00 an och de 17.11. em 10.00 an em 14.00.
  • Fir d’Reservatiounen kontaktéiert w.e.g d’Billetterie andeems dir e Mail un ticket@dudelange.lu schéckt, wou dir matdeelt wéi vill Léit dir wëllt umellen (Erwuessener a Kanner) oder rufft un op den 51 61 21 -811.
  • Méi: www.opderschmelz.lu