Den 30. Januar ëm 16.00 geet am neimënster am Gronn e flotte Spektakel iwwer d’Bün: déi faszinéierend Musek vu “Balsam” féiert Iech laascht traditionell Lidder aus Portugal, Griicheland an Island, mystesch Kläng vum Hildegard von Bingen, polyphoner Musek aus dem 15. Joerhonnert an zäitgenëssesch Kompositioune vum Zefiro Torna. Dir gesitt awer och faszinéierend alchemistesch Prozesser. Drëpsen verwandele sech an iessbar Pärelen, eng Blummeknosp léist en elektrescht Gefill op der Zong aus, Holzkuel stellt sech als eng Delikatess eraus. D’Alchemiste bidden Iech Kostproben an onbekannt Doften un. “Balsam” ass eng Produktioun vum Laika & Zefiro Torna a Koproduktioun mat Le Volcan, scène nationale du Havre an Le Channel, scène nationale de Calais mat Ënnerstëtzung vun der flämescher Communautéit.

Weider Informatiounen

  • D’Opféierung dauert ongeféiert 95 Minutten an ass ouni Wierder.
  • Billjeeën: 12 Euro; reduzéiert: 6 Euro; mat Kulturpass: 1,5 Euro
  • Virverkaf: Tel.: +352 262052 1 oder E-Mail: billetterie@neimenster.lu