D’Rotonden proposéieren Freides den 12. November um 19.00 an um 21.00 a Samschdes den 13. November um 19.00 eng Spektakel-Soirée op franséisch fir Spectateuren ab 10 Joer. An “Envahisseurs” steiere gréng, gelatinéis Wiesen aus dem Weltraum d’Äerd un. Wat wëllen se? “Envahisseurs” revisitéiert d’Science-Fiction-Filmer aus de 50er Joren mat enger gudder Dosis Derisioun mat Hëllef vu gutt orchestréierte visuellen Effekter.

“I killed the Monster” spillt an engem klenge, rouegen Duerf an den Ardennen. Den Daniel ass e bëssen opgereegt, mee hien huet just en neit Medikament kritt. Just dass sech d’Realitéit lues a lues opléist an d’Muerden sech heefen…

Weider Informatiounen

  • Adress: Place des Rotondes, L – 2448 Luxembourg
  • Gesamtdurée vun de Spektakelen: 90 Minutten mat engem Entracte.
  • Infos a Reservatiounen: www.rotondes.lu
  • Tarifer: 12 Euro a 6 Euro fir Leit ënner 26 Joer.
  • E CovidCheck-Zertifikat (digital oder op Pabeier) muss jiddereen ab 12 Joer an 2 Méint virweise kënnen fir an den Event eran ze kommen.