Den 11. September gëtt zu Esch-Uelzecht am Ellergronn d’Escher Kulturnuecht organiséiert. Hei erwaarden Iech vun 18.00 bis 24.00 vill verschidden Spektakelen, Performancen an Installatiounen vu lëtzebuergeschen an internationalen Artisten. Et ginn och zwou Reesen mam Vëlo organiséiert: déi éischt vum Zentrum vun Esch (Hôtel de ville) aus um 17.00 an déi zweet vun Audun-le-Tiche aus um 16.30 (nach net bestätegt), béid bis an den Ellergronn.

Wat Iech Flottes bei dësen Reesen erwaart kënnt Dir hei noliesen. No all dësen Andréck kënnt och iergendwann den Honger. D’Restauranten Schmëdd an Café am Zechenhaus Grouwen hunn sech ee ganz spezielle Menü zum Thema vun der Kulturnuecht afale gelooss.

Et ginn awer an der Géigend och nach vill aner Platzen, wou Dir eppes Guddes z’iessen kënnt fannen. Eng Lëscht heivun fannt Dir hei.

Informatiounen fir d’Visiteuren