De Moie wou d’Emma säin 12. Gebuertsdag soll feieren, steet hatt op a freet sech schonn op säi Gebuertsdagskuch. Mee seng Elteren a säi klenge Brudder sinn net do. Anscheinend sinn si an d’Vakanz, erzielt dem Emma en Inspekter, deen sech lues a lues an eng Méck verwandelt. Hien erkläert dem Meedchen och, dass hatt ab elo ënner Arrest steet, an hien op hatt wäert oppassen. Dëst Stéck inspiréiert sech um Franz Kafka sengem Roman “Der Prozess” an ass eng Fabel iwwert de fräie Wëllen an d’Hannerfroe vu Fakten, déi scheinbar onuntaaschtbar sinn. D’Emma huet et sengem staarke Wëllen ze verdanken, dass hatt mat der Erfarung wiisst an entdeckt wat Fräiheet ass.  

Weider Informatiounen   

  • D’Stéck vum Collectif Bombyx vun Diddeleng gëtt Samschdes, den 22. Januar um 19.00 a Sonndes, den 23. Januar um 17.00 an der Black Box opgefouert.  
  • Et ass e Stéck op Lëtzebuergesch fir Leit vun 10 Joer un an dauert ronn eng Stonn.  
  • Infos a Reservatiounen: www.rotondes.lu  
  • Präisser: 12 Euro fir Leit iwwer 26 Joer a 6 Euro fir méi jonk Leit.