Den Ettelbruck City Tourist Office organiséiert den 11. September déi véiert Editioun vum Ettelbrooklyn Street Fest. An der Foussgängerzon waarden vill verschidden Artisten dorop Grouss a Kleng ze verzauberen.

Akrobaten, Jongleuren, Clownen, Museker an nach vill méi wäerten weisen, wat si kënnen. Op dësem dynameschen an ontypesche Stroossefest si jonk Erwuessener, jonk Famillen an all déi, déi sech gären verzaubere loosse wëllkomm!

Informatiounen fir d’Visitt:

  • Den 11.09.2021 vun 14.00 bis 22.00 an der Foussgängerzon (Grand-Rue) zu Ettelbréck.
  • Informatiounsstänn fannt Dir op der Place Marie-Adélaïde an bei der Entrée vun der Grand-Rue, virun der Privatschoul Sainte-Anne.
  • Déi aktuell sanitär Oplagen musse respektéiert ginn. Dir kënnt déi aktuell Mesuren hei noliesen.
  • En Plang an Programm fannt Dir an der Fotosgalerie hei drënner.
  • Bei weidere Froen, riicht Iech un: +352 81 20 68 ; info@ecto.lu oder besicht déi Internetsäit hei.