Dëse Sonndeg, 26. September organiséiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend säin traditionellt Kannerrechtsfest am Parc Merveilleux zu Beetebuerg. An der convivialer Atmosphäre vum Park kënne Familljen a Kanner sech informéieren iwwer, familiariséieren mat a participéieren u pedagogeschen a spillereschen Aktivitéiten zu de Kannerrechter. De Fokus vum Sensibiliséierungs- a Promotiounsdag vun de Kannerrechter läit dëst Joer um Recht vum Kand, seng Meenung iwwer all Thema dat et betrëfft ze soen a nogelauschtert ze kréien.

Eng ganz Rei vun Acteuren wäerte present sinn an Informatiounen an Animatioune proposéieren: den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU), d’Up-Foundation a säin Toto-Bus, de Kannerbureau Wooltz (KABU), d’Eltereschoul Janusz Kosczak, den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), ECPAT Luxembourg, de Comité luxembourgeois pour l’Unicef, BEE SECURE vum Service national de la Jeunesse, Bientraitance an d’Association luxembourgeoise de pédiatrie sociale (Alupse).

Informatioune fir d’Elteren

  • Adress vum Dag: Parc Merveilleux Bettembourg, Route de Mondorf, L-3260 Bettembourg Zäit: vun 9.30 bis 19.00
  • D’Tariffer vum Parc gëlle fir d’Entrée. Et muss een d’Ticketen am Viraus bestellen iwwer d’Websäit: www.parc-merveilleux.lu
  • Hei fannt Dir de Programm.