Wéinst Covid-19 kann och dëst Joer dat gréissten a beléiftstent Volleksfest aus der Groussregioun, d’Schueberfouer, net a vollem Ëmfang stattfannen. An trotzdeem gëtt tëschent dem 21. August an dem 12. September esou munches um Glacis gebueden.

Sou erwaarden d’Visiteuren net manner wéi 42 Attraktiounen a Stänn, dorënner déi gréisst transportabel Achterbunn vun der Welt, den “Olympia Looping”, mat 5 Loopingen, sowéi d’”Alpina Bahn”, déi gréisste Familljenachterbunn vun der Welt.

Déi heite Spiller an Attraktiounen si beim “Fun um Glacis” dobäi: Alpina Bahn, Bayernkurve, Big Splash, Booster Maxxx, Break Dance, Circus Circus, Diamond Autoscooter, Hangover The Tower, Happy Sailor, Jules Verne Tower, Olympia-Looping, One Man Show 2, Shaker’s, Twister Maxi Jump an XXL. Spezifesch Fuergeschäfter an Attraktioune fir Kanner sinn: Aqua Boats, Panamericana, Entenangeln, Toboggan xxl, Waterworld (Intefëschen). Spille kann een och op folgende Stänn: Aqua Blasta, Derby Race, Automatenspiel Dolphin, Euroball, On dit Hop Hop, Rock Star, Schéissstand, The Best, Tir Anita. Confiserie Hary, Hawaii Früchte, Maison Stany und die Mandelbrennerei bidde Séisses un. Bei A la renommée des gaufres, Kessel, King Kong, Kurtos, Pita Gyros, Restaurant An der Flesch, Restaurant Kugener, Schwarzwald Mühle an Take away Friture Joslet kann dee groussen a klengen Honger gestëllt ginn.

Weider Informatiounen

  • All Dag op vun 11.00 bis 23.00.
  • Wat soss nach um Kiermes-Summer-Programm an der Haaptstad steet, gitt Dir hei gewuer.