An engem Raum, den d’Vitrinn vun engem Buttek kéint sinn, arrangéieren zwou Figuren eng Bün. Si entwéckelen eng Bezéiung duerch nonverbal Sprooch, Mimik a Gestik an erzielen esou kleng Geschichten. Duerch d’Undoen vun de Poppen entsti verschidde Situatiounen, an deenen déi zwee Acteuren vun der Theaterkompanie De La Baracca – Testoni Ragazzi spillen an interagéieren. De Public ass fräi a senger Interpretatioun a kann dëse Situatiounen eng perséinlech Bedeitung zouweisen. Dat neit Stéck vun der italienescher Theatergrupp De la Baracca behandelt mat Kanner d’Iddi vun der Famill an invitéiert zum Nodenken a Nofroen, ouni awer fäerdeg Äntwerten ze ginn: Wat ass eng Famill? Ween ass eng Famill? Lieft eng Famill ëmmer op der selwechter Plaz? Kann ee Familljemember Deel vun enger anerer Famill sinn?

Weider Informatiounen

  • D’Opféierungen den 18. Januar sinn um 14.30 an um 16.30.
  • D’Opféierung dauert ongeféier 35 Minutten. Si ass ouni Wierder a fir Kanner vun 2 bis 5 Joer.
  • Entréespräisser: 12 Euro Normaltarif, 6 Euro Jugendtarif an 1,5 mam Kulturpass.
  • Billjeeën: (+352) 2681 2681 oder billeterie@cape.lu