Wee kennt et net, d’Märchen vun de Geschwëster, déi sech am Bësch verlafen a schliisslech déi béis Hex besiigen, déi am Liefkuchenhaus lieft. De Komponist Engelbert Humperdinck hat mat senger Märchenoper een net ze ënnerschätzenden Undeel drun, dass Hänsel a Gretel och haut nach zu de bekanntste Märercher vun der Sammlung vun de Gebridder Grimm gehéiert. An enger Faassung fir e jonke Public vun haut consacréieren sech de Moderateur Juri Tetzlaff an den Orchestre Philharmonique du Luxembourg ënnert der Leedung vum Thomas Dorsch den 8. Januar 2022 ëm 11.00 dem uralen, awer ëmmer nach spannende Stoff.  

Weider Informatiounen  

  • D’Märchenoper ass fir Kanner ab 6 Joer.  
  • Kaarten kann een hei bestellen: www.philharmonie.lu oder per Telefon (+352) 26 32 26 32  
  • Erwuessener bezuelen 18 Euro, Kanner 12 Euro.   
  • Fir dëse Concert ass fir all Visiteuren ab 12 Joer an 2 Méint eng Zougangsberechtegung via CovidCheck 2G (geimpft oder nees gesond) néideg. Bei hirem Openthalt an der Philharmonie mussen d’Visiteuren ab 6 Joer eng Mask unhunn, och wärend der Dauer vum ganze Concert.