De Youri aus de Belsch, de Ville aus Finnland: béid eent hier Léift zum Danz an zur japanescher Kampfkonscht. Zesummen exploréiere si an dësem energiegeluedene Spektakel den Ëmgang mateneen an der sportlecher Kompetitioun. D’Prezisioun vun der Beweegung, de Respekt virum Géigner mee och de Spaass um Moosse vun de Kräften gi vun hinne konschtvoll an Zeen gesat. D’Bün erënnert dobäi mol un e Spillfeld, mol un d’Ästhetik vun de Mangaen. Danz a Kampfkonscht vereenege sech op hier zu enger Entdeckungsrees an déi verschiddenste Kierpertechniken an d’Beherrschung vun der eegener Kraaft am Ëmgang mat den Aneren. De 16. Januar um 11.00 an um 15.00 heescht et “Go!” am Escher Theater.

Méi Informatiounen

  • D’Opféierung ouni Wierder dauert ronn 40 Minutten an ass fir e Public ab 8 Joer.
  • Vollzueler: 10 Euro (Cat 1), 12 Euro (Cat 2). Jugendlecher: 6 Euro (Cat 1), 5 Euro (Cat 2). Kanner: 3 Euro (Cat 1), 2,5 Euro (Cat 2).
  • Adress: 120 Rue de l’Alzette, 4010 Esch-sur-Alzette.
  • Biljeeën:  (+352) 27 54 – 5010 oder – 5020