Um Programm:

„D’Sandmeedchen“: Op der Sich no de Kanner hire verschwonnenen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwer d’Wolleke reesen. De Yorick Schmit hëlt Iech mat ville liewege Biller mat op d’Sich. Kremart an d’Rotondes präsentéieren dat éischt lëtzebuergescht Augmented Reality-Kannerbuch.

Fir vun der AR (Augmented Reality)-Funktioun ze profitéieren, musst Dir fir d’éischt di passend App eroflueden:

Ausserdeem um Programm :

“De Geescht Gubi”: de klenge Geescht, deen einfach anescht ass: rosa, léif an och e bësse
fäertereg.

„De verluerene Schatz“: déi neist Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar.

An nach e puer aner flott Kannergeschichten erzielt vum Christiane Kremer.

Abegraff bei der Entrée ass: Liesung, eng Taass Kaffi/Téi/Schoki oder e Glas Viz an e Croissant

Covid-Check Event: Den Entrée ass reservéiert fir Léit di vollstänneg geimpft, gesond oder negativ getest goufen. Et ginn och Schnelltester fir Kanner tëscht 7-8 Joer proposéiert.