An engem poeteschen Dräiakter, den de Widderstand vun de Fraen thematiséiert, ass “Les folles” e staarken Hommage un “D’Mammen vun der Meeplaz”, déi Argentinierinnen, déi géint déi lescht Militärdiktatur, déi vir 30.000 Disparitioune responsabel war. Mat vill Gefill beschreift de Parcours aus zwee Soloen ouni Wierder an aus enger Ausstellung de laangen a schmäerzleche Kampf vu Fraen, déi determinéiert waren fir Gerechtegkeet ze kréien. Ze gesinn an de Rotondes den 28., 29. an 31. Januar.

Weider Informatiounen

  • Dëse Spektakel mat wéineg Wierder, presentéiert vun der Compagnie La Mue/tte vun Nanzeg adresséiert sech un d’Spectateuren vu méi wéi 10 Joer. En dauert ronn 90 Minutten.
  • D’ëffentlech Virstellunge fannen den 28., 29. an 31. Januar um 19.00 statt.
  • Entréespräis: 6 Euro fir Persoune bis 26 Joer, 12 Euro fir Persounen iwwer 26 Joer.
  • Infos a Reservatioun: www.rotondes.lu