D’Erzéiungs a Familljeberodung  AFP-Solidarité-Famille organiséiert zanter laange Joren den 19. Mee, um Weltspilldag, eng Aktioun fir d’Spill ze feieren. Kanner hunn e Recht op Spillen an d’Spill suergt ëmmer erëm fir nei Entdeckungen a schéi Momenter zesummen. Léieren, Koordinatioun, Zesummenaarbecht a Solidaritéit gi gefërdert. D’Aktioun fënnt tëschent 10.00 an 18.00 op der Plaz “Um Piquet” an der Haaptstad statt. Dat ass direkt nieft dem ale Postgebai um “Aldringer”. Vill Spaass beim Spill!