Mat der neier Saison beim CAKU stinn och schonn déi éischt Opféierungen virun der Dier. De CAPE vun Ettelbréck an d’Mierscher Kulturhaus hunn zesummen ee flotte Programm mat Jonglage, Theater, Danz, Musek a Poppespill opgestallt, an deem fir all Altersgrupp eppes dobäi ass. D’Spectateuren kënnen an nei Welten andauchen, den Alldag vergiessen an hirer Fantasie fräie Laf loossen.

Informatiounen fir d’Visitt:

  • Adressen: CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck: 1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbréck ; Mierscher  Kulturhaus: 53, rue Grande Duchesse Charlotte L-7520 Miersch
  • Weider Informatiounen kënnt Dir hei fannen.
  • Dir kënnt och d’Siten vun deenen zwee Organisateuren consultéieren oder si per E-mail kontaktéieren: CAPE: www.cape.lu oder mail@cape.lu ; Mierscher Kulturhaus: www.kulturhaus.lu oder info@kulturhaus.lu.

Tickle – Kribbelen (Oorkaan)

  • Kannerconcert, wou Danz, Musek a Stëmm zesummekommen.
  • Dëst riicht sech u Kanner vun 2-6 Joer an enthält keng Wierder.
  • De 7. Oktober um 14.30 an um 16.00.
  • D’Dauer vun der Opféierung läit bei 40 Minutten.
  • Dës Virstellung fënnt am CAPE zu Ettelbréck statt.
  • D’Ticketspräisser sinn 12€, 6€ an 1,50€.
  • Reservatiounen kënnt Dir um Site hei maachen oder per Telefon 26 81 26 81.

Tock tock (Annick Pütz, Piera Jovic)

  • Eng Entdeckungsrees vun de Sënner mat Danz a Musek.
  • Dëst riicht sech u Kanner vun 3-6 Joer an enthält keng Wierder.
  • Den 14. Oktober um 15.00 an de 17. Oktober um 11.00 an um 15.00.
  • D’Dauer vun der Opféierung läit bei 45 Minutten (dovun sinn 10 Minutten Austausch).
  • Dës Virstellung fënnt am Mierscher Kulturhaus statt.
  • D’Ticketspräisser sinn 12€, 6€ an 1,50€.
  • Reservatiounen kënnt Dir um Site hei maachen oder per Telefon 47 08 95 1.

Mega Béis! (Kopla Bunz)

  • En Theaterstéck fir Kanner wou d’Gefillswelt vun der Roserei ënnert d’Lupp geholl gëtt.
  • Dëst riicht sech u Kanner vun 6-12 Joer an ass op Lëtzebuergesch.
  • Den 17. Oktober um 15.00 an um 17.00, den 19. Oktober um 14.30.
  • D’Dauer vun der Opféierung läit bei 50 Minutten.
  • Dës Virstellung fënnt am CAPE zu Ettelbréck statt.
  • D’Ticketspräisser sinn 16€, 8€ an 1,50€.
  • Reservatiounen kënnt Dir um Site hei maachen oder per Telefon 26 81 26 81.

Das Geheimnis der wilden Gans (Agora Theater St.Vith/Mierscher Kulturhaus)

  • En Theaterstéck wat d’Kanner an eng nei Welt vum Onbekannten mathëlt.
  • Dëst riicht sech u Kanner vun 5-10 Joer an ass op Däitsch.
  • Den 28. Oktober um 15.00.
  • D’Dauer vun der Opféierung läit bei 50 Minutten an engem Nogespréich.
  • Dës Virstellung fënnt am Mierscher Kulturhaus zu Miersch statt.
  • D’Ticketspräisser sinn 16€, 8€ an 1,50€.
  • Reservatiounen kënnt Dir um Site hei maachen oder per Telefon 47 08 95 1.