Gauklere, Museker, Zauberer an Handwierksleit versammele sech de 17. an 18. September zu Käerch an an ronderëm d’Buerg „Gréiweschlass“. Do fënnt nämlech dat grousst Mëttelalterfest „Tempus Mediaevale“ statt. Den Héichpunkt ass d’Feiershow um Samschdegowend. Den Entrée fir dësen Event, dee vun de „Käercher Schlassfrënn“ organiséiert gëtt, ass fräi.

Méi Informatiounen

  • D’Mëttelalterfest geet de Samschdeg 17. September vun 11.00 bis 21.00 iwwer d’Bün an de Sonndeg 18. September vun 10.00 bis 18.00.
  • All Detailer op www.tempus.lu