Fir dass Bicher och jonk Käpp mat Geschichte fëllen a méi räich maache kënnen hunn d’Organisateure vun de 26. Walfer Bicherdeeg  fir Samschdes, den 20.  A Sonndes den 21. November e ganze Programm un Atelier’en a Liesunge fir Kanner a Jugendlech zesummegestallt. Books for Kids  fënnt een am Centre Prince Henri, hei kënne Bicherwierm a Liesraten Häerz wat begiers De an der Offer vun den Editiounshaiser schnoffelen, sech vun Auteuren aus Bicher virliese loossen, an natierlech ganz andauchen an des wonnerbar Welt “vun Zauberwierder an Zukunftsmutt”. Ob et “D’Geschicht vun enger Noperschaft”, den “Taz den Draach” oder “D’Geschicht vum Fuuss a vum Schleek”  ass – fir nëmmen déi ze nenne – fir all jonk Nolauschterer ass en Thema am Programm dobäi. Fir Jugendlech ass e Workshop iwwer Literaturkritik op Instagram a fir Kanner e Schreifatelier mam Thema Science-Fiction. Nieft dësen Atelier’en a Liesunge kënnen natierlech Bicherfrënn vun all Alter bei de Walfer Bicherdeeg hiren Honger op Bicher, Liesen a Virgeliestkréihen stëllen.

  • Wou? Zu Walfer 
  • Wéini? Samschdes den 20. November 2021 vun 9 bis 20 Auer a Sonndes den 21. November 2021 vun 9 bis 18 Auer
  • Fir wien? Kanner a Jugendlecher
  • D’Liesunge fir Kanner dauere ronn eng Stonn, di genau Auerzäite fënnt een am Programm vun de Walfer Bicherdeeg.
  • Den Entrée ass fräi, fir Erwuessener gëllt Covid Check