Net wéi déi aner? D’Petite gëtt vu senge Matschülerinnen a Matschüler wéinst senge villen Ticken a senger komescher Aussprooch gehänselt, wärend säi Brudder Grand e Kand ouni Problemer ass. Enges Owends rifft seng Mamm eng Frëndin un an erzielt hir verzweiwelt vun hire Schwieregkeeten bei der Erzéiung vun hirer Duechter. D’Petite lauschtert dat ganzt Gespréich mat…

”Un forêt” ass eng originell a spannend Geschicht, an der Familljebezéiungen eng interessant Entwécklung huelen. Am Laf vun der Aventure komme mir an e Bësch, an dem d’Petite Kreature begéint, déi hat verännere. Eng Geschicht voller Humor an Zäertlechkeet, iwwer Ënnerscheeder an d’Ambivalenz vu Brudder-Schwëster-Bezéiungen. Dat poetescht Stéck fir Kanner ab 7 Joer a Familljen a franséischer Sprooch gëtt e Sonndeg, den 28. November um 11.00 am Escher Theater gewisen.

Weider Informatiounen

  • Adress: 120 Rue de l’Alzette, L4010 Esch-Uelzecht
  • Billjeeën ënner (+352) 27 54 – 5010 oder – 5020