„Elteren, déi sech këssen, brauch een net ze fäerten. Elteren sinn eréischt geféierlech, wa se sech net méi këssen“, annoncéiert dat 12 Joer alt Fitz, nodeems hat a seng kleng Schwëster Bente gewuer gi sinn, dat sech hier Eltere scheeden loossen a si sech elo mat enger „Hin-und-Her-Tasche“ ploe mussen. D’Fitz ass ausser sech vu Roserei a verléiert de Glawen un d’Léift. Mee da begéint sech déi ganz Famill duerch en Accident am Spidol erëm… Du wëlls wëssen, wéi d’Geschicht wieder geet? Da reservéier der eng Plaz fir d’Virstellung vu „Gips“ den 9. Juni um 15.00 am Mierscher Kulturhaus.

Weider Informatiounen

  • D’Virstellung start um 15.00 den 9. Juni am Mierscher Kulturhaus, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, L7520 Mersch.
  • D’Stéck op Däitsch riicht sech un e Public vun 11 bis 13 Joer an dauert 75 Minutten.
  • Infoe: caku.lu. Reservatioun iwwer Tel +352 47 08 95 1 – luxembourgticket.lu