Den Weekend vum 18. a 19. September komme Mëttelalterfans op hier Käschten. D’Käercher Schlassfrënn organiséieren erëm den Tempus Mediaevale an deem frësch renovéierten Käercher Schlass.

Um Mëttelaltercamp fënnt ee Spill, Freed, Gaukelei, Musek an Zauber aus dem Mëttelalter an et ass eppes fir Grouss a Kleng dobäi. Ënnert anerem gëtt et e Concert vum Grupp Hollóének Hungarica Samschdes (ab 19.30) a Sonndes (ab 15.00) op der iwwerdaachter Bün am Schlass.

Och fir Iessen an Drénken ass gesuergt. Et gi Spezialitéiten vum Grill, Eisekuchen, Flammkuchen an nach villes méi.

Informatiounen fir d’Visitt:

  • 18.09. vun 11.00 bis 21.00 an den 19.09. vun 10.00 bis 18.00 zu Käerch am Gréiweschlass.
  • Adress: Rue du Château L-8385 Käerch.
  • Den Entrée ass fräi. Et ass ee CovidCheck-Event. Dir sidd also gebieden ären Certificat bei der Entrée virzeweisen oder een gratis Schnelltest op der Plaz ze maachen.
  • Et gëllen déi aktuell Mesuren um ganzen Site. Dës kënnt Dir hei noliesen.
  • Méi Informatiounen fannt Dir um Site vum Tempus Mediaevale hei, dem Site vun den Käercher Schlassfrënn hei oder op der Facebook-Säit vum Event hei.