Den 20. November presentéiert d’Kënschtlerin ANIMATRIX en Zauberspektakel fir Kanner vu 4 bis 9 Joer zum Thema Kannerrechter am Centre pour la Promotion des Arts zu Hollerech. De Spektakel gëtt begleet vun engem kuerze Sensibiliséierungsvideo fir Kanner. Et gëtt eng Virstellung um 11.00 an eng um 14.30. Dësen Event gëtt organiséiert vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an Zesummenaarbecht mat ECPAT Luxembourg am Kader vum internationalen Dag vun de Kannerrechter.   

Weider Informatiounen  

  • Adress: CEPA, 1, rue de l’Aciérie, L-1112 Luxembourg.  
  • Den Entrée ass fräi.  
  • D’Aschreiwung ass obligatoresch. Mail w.e.g. op f.siebenaller@ecpat.lu. Gitt w.e.g. Ären Numm un, d’Zuel vun de Participante an déi gewënschte Sessioun (11.00-12.00 oder 14.30-15.30).  
  • Den Event fënnt ënnert dem CovidCheck-Regime statt. De CovidCheck gëllt net fir Persounen ënner 12 Joer an 2 Méint.