D’Claire sëtzt viru sengem Teller, op dem e Bierg Ierbesse läit, dee keen Enn wëll huelen. Ee Gléck, dass him d’Forschett eroffält an hat ënnert dem Dësch verschwanne kann an eng aner Dimensioun, an der d’Moossstief duerchernee gerode sinn an et keng Grenze gëtt. Eng Fantasiewelt voll spannender Konstruktiounen mat Telleren als Trampoliner a Forschetten als Klettergerüst. D’Stéck, fräi iwwersat “Ech si fäerdeg, däerf ech opstoen?” steet fir vill Situatiounen an der Kandheet, bei deenen einfach alles ze grouss an net ze packe schéngt. Psst: Wann deng Elteren kuerz ewech kucken fänkt villäicht ënnert ärem Dësch e richtegt Abenteuer, bei dem alles méiglech ass.

“Est-ce que je peux sortir de table?” ass e Spektakel ouni Wierder vum Théâtre Bascule mat der Ënnerstëtzung vun der DRAC Normandie, vum Conseil Régional Normandie an dem Conseil Départemental de l’Orne. Et gëtt den 11. Dezember um 16.00 an der Salle Robert Krieps am neimënster opgefouert.

Méi Informatiounen

  • De Spektakel ass fir Persounen ab 4 Joer geduecht.
  • En dauert ongeféier 35 Minutten.
  • Billjeeën: 12 Euro; reduzéiert: 6 Euro; Kulturpass: 1,5 Euro.
  • Billetterie: Tel: +352 262052 1. Mail: billetterie@neimenster.lu