Zanter 1953 ass de Kulturfestival zu Wolz e feste Rendezvous um Summerprogramm. Wéinst der Covid-19-Pandemie huet et d’läscht Joer missen ausfalen, mee Enn Juni kann et erëm lassgoen. Woubäi opgrond vun den aktuelle sanitäre Moossnamen an der Tatsaach, dass e puer Kënschtler an Ensembelen hier Tournéeën hu missen verleeën, Ännerunge gëtt. Sou ginn e puer Showacts eréischt dat nächst Joer iwwer d’Bün: Mando Diao (01/07/22), Passenger (08/07/22) an d’Gipsy Kings (16/07/22).

Och fënnt de Festival dëst Joer op zwou Plaze statt. Nieft dem Amphitheater beim Schlass, wou ënnert dem grousse Schutzdaach bis zu dausend Gäscht kënne Plaz huelen, sinn och Spektakelen an de wonnerbare “Jardins de Wiltz” um Programm.

Dat start iwwregens de 26. Juni mat engem Spektakel fir Kanner, dem “Bal des Crapiots” mat vill flotter Danzmusek aus allen Ecker vun der Welt. Vu 15.00 un luet d’”Fanfare Couche-Tard” d’Visiteuren zum Danz an zum Matsangen an. Natierlech och déi Erwuessen. 10 Euro kascht d’Entrée fir Erwuessener a 5 Euro fir jonk Leit vu manner wéi 26 Joer. 1,5 Euro mam Kulturpass.

Spaass an Ënnerhalung fir Kanner ab 4 Joer versprécht dann de 4. a 5. Juli de Musical “Der kleine Drache Kokosnuss”. De Spektakel ronderëm déi momentan erfollegräichsten Kannerbuchfigur aus Däitschland dauert ronn 2 Stonne mat Paus abegraff. D’Entrée kascht 25 Euro fir Erwuessener, 15 Euro fir jonk Leit ënner 26 an 1,5 Euro mat Kulturpass.

Informatiounen fir d’Elteren:

  • De komplette Programm gëtt et op www.festivalwiltz.lu. Hei kënnt Dir och bequeem Är Tickete buchen.
  • Zu Wolz fënnt een nieft flotte Promenaden och de Fräizäitpark “Kaul”, wou ee sech austobe kann.
  • Méi Informatiounen iwwer d’”Jardins de Wiltz” ginn et iwwerdeems hei