Säit 2007 ass d’”Kulturhaus Nidderaanwen”, dat 1850 als Privathaus gebaut gouf, als Kulturhaus am Betrib a riicht sech mat engem qualitative faarwege Programm u Museks- a Konschtfans, Theater- a Literaturfrënn, Danz- a Filmbegeeschterter – kuerz, u jiddereen, dee sech begeeschteren a verzaubere loosse wëll. Interesséiert vun all Altersgrupp kënne sech aktiv bedeelegen an a Workshops a Projeten hir eegen kënschtleresch Kreativitéit entdecken a weiderentwéckelen.   

Hei sinn déi nächst Aktivitéiten am KHN.   

SHOES – en Theaterstéck mat Musek fir Kanner vun 3 bis 6 Joer  

Hutt dir iech och schonn emol virgestallt, dass all Puer Schong e Charakter huet? Sandalen, déi verspillt sinn; Stiwwelen, déi schonn e puer Falen hunn vun Alter a Laachen; héich Tallekeschong, déi mat hire spatzen Ofsätz Angscht maachen? D’Simone an d’Solange sinn zwou Schousterinnen, déi all Schong mat Léift reparéieren an dobäi vill Fantasie hunn! Déi zwou Fraen erwächen d’Charaktere vun de Shcong zum Liewen a brauche dofir nach net emol Wierder. Datum: Donneschdeg, 3.6.2021: 16.30. Ouni Wierder, +/- 45 Minutten, fir Kanner am Alter vun 3-6 Joer. Entréespräisser: 10 / 6 € (1,50 € Kulturpass). Méi Infos hei

E Kaddo fir Mammendag

Eng  selwer gestalte Foussmatt ass eppes ganz Besonnesches an eng flott Kaddosiddi fir Mammendag. Der Kreativitéit sinn hei keng Grenze gesat: Op knallbont oder schwaarz-wäiss, mat Schablounen oder fräihänneg kënnt dir si bemolen, wéi dir wëllt. De Workshop ass Sonndes, 6.6. vun 9.30 bis 11.30 an ass fir Kanner vu 6-9 Joer. 

Déi musikalesch Show mam Käpitan Mullebutz

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse sinn zappeleg – Eng grouss musikalesch Party fir Kanner vu 4 bis 9 Joer geet e Samschdeg 19.6. 2021 am Kader vun der  “Fête de la Musique” an KHN iwwer d’Bün. Dauer: +/- 60 Minutten. Sprooch: Lëtzebuergesch. 

Informatiounen fir d’Elteren:

  • D’Kulturhaus Nidderaanwen fënnt een op 145, route de Trèves, L-6940 Nidderaanwen. Telefon: 003522634731. E-Mail: info@khn.lu. Websäit: www.khn.lu
  • Dohi kënnt ee mam Auto iwwer d’Autobunn A1 Lëtzebuerg-Tréier. Ausfaart 9: Zone industrielle – Nidderaanwen – Mënsbech. Richtung Nidderaanwen. Oder Ausfaart 11: Senningerbierg – Findel, weiderfueren op der N1. De KHN läit just vis-à-vis vum Supermarché, wou et Parkplaze ginn. De KHN huet zwou Parkplazen fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit.
  • Mam Bus: Arrêt Ndderaanwen – Routscheed, Linn 125 (Lëtzebuerg – Ueweraanwen – Itzeg), Linn 140 (Lëtzebuerg – Canech), Linn 135 (Lëtzebuerg – Gréiwemaacher), Linn 130 (Lëtzebuerg – Gréiwemaacher), Linn 128 (Lëtzebuerg – Jonglënster), Linn 142 (Lëtzebuerg- Muttfët).
  • Umeldung a Reservatioun vu Plazen fir all Veranstaltungen ënnert: T. 26 34 73 1 oder per E-Mail: info@khn.lu. Opgrond vu Covid-19 ass eng Reservatioun obligatoresch. Ticketreservatioun: Méindes bis Freides vun 9.00 bis 12.00 a 14.00 bis 17.00.