Si sinn impressionnant: d’Héichiewe vu Belval, am Süde vum Land. Och wann d’Installatiounen, wou fréier ronderëm d’Auer Stol produzéiert gouf, säit 1997 zou sinn, dominéieren si nach ëmmer den Terrain tëschent Esch-Uelzecht a Bieles. Wärenddeem d’Héichiewen schéi restauréiert goufen, ass hinnen zu Féiss eng nei Stad entstanen.

Fir déi verschidde Facetten vun dem aussergewéinlechen Lieu ze entdecken, proposéiert de Fonds Belval eng Schatzsich fir Grouss a Kleng, duerch déi een op spilleresch Aart a Weis d’Wëssen iwwer d’Héichiewen an den neie Quartier vun der Cité des Sciences vermëttelt gëtt.

Informatiounen fir d’Elteren

  • D’Héichiewen befanne sech 6 Avenue des Hauts-Fourneaux, L4362 Esch-sur-Alzette.
  • D’Visitt dauert tëschent 1 Stonn 30 an 2 Stonnen.
  • De Präis fir d’Participatioun ass 5 Euro fir Persounen ab 5 Joer, Entrée a Schatz inclus. D’Gruppe si limitéiert op 10 Persoune Maximum. Kanner ënner 12 Joer musse vun engem Erwuessenen begleet ginn.
  • D’Reservatioun ass obligatoresch: visite@fonds-belval.lu Website: www.fonds-belval.lu. Och aner Visitte si méiglech.
  • Den Héichuewen an d’Expo sinn op vum 1. Abrëll bis den 31. Oktober.