Wosst dir schonUm Widdebierg zu Fluessweiler leit ee Schatz! Dir wëllt e gären fannenMa da maacht iech op de Wee an de Bësch an wann dir d’Rätselen em de Schatz all geléist hutt, da kritt dir eng flott BelounungD’ Familljen sinn wëllkomm fir mat hiren Kanner, zesummen och mat hiren Hënnwanderen ze goen. D’ Informatiounen kritt dir op der Gemeng selwer iert dir mam 7,5km laangen Wanderwee ufänkt.  

Informatiounen fir d’Elteren

  • D’Schatzsich leeft vum 15. Juli bis den 15. September, ouni Umeldung an ouni Guide.
  • Départ bei der Gemeng Fluessweiler an ee Parking virun der Gemeng ass ze fannen, oder hannert dem Centre Culturel direkt niewendrun.
  • Hënn si wëllkomm mee mussen un der Léngt bleiwen, an den Parcours ass net recommandéiert un Familljen mat Poussette.
  • De Wanderwee vun 7,5 km dauert ëm déi 3-4 Stonnen.
  • Fir weider Informatiounen, ënnert emweltkommissioun@flaxweiler.lu an hei