Dëst Fréijoer mécht d’Naturerliefneszentrum Robbesscheier wärend zwou Entdeckungswochen hir Diere wäit fir Visiteuren op. D’Ardennerpäerd, d’Symbol vum Naturerliefneszentrum, iwwerhëlt zesumme mat engem anere wichtegen Déier, d’Schof, d’Haaptroll. De 26. Mee sinn nach Plaze fräi fir Spannvirféierungen vum Chantal Schaul am Kader vun de Schofsdeeg.

Vum 27. Bis den 30. Mee dréit sech alles ëm d’Ardennerpäerd. Demonstratiounen vun Holzschloen am Bësch an d’Ausstellung vu Päerdsrassen sti vu 14.00 bis 16.30 um Programm.

Vum 31. Mee bis den 2. Juni kommen d’Schofsdeeg nees zréck, mat Spann- awer och Schurvirféierungen mat Erklärungen duerch d’”Lëtzebuerger Schéiffergenossenschaft”. Vum 3. bis de 6. Juni stinn d’Ardennerpäerd erëm am Virdergrond.   

Fir d’Entdeckungswochen mécht d’Robbesscheier erëm hire renovéierte Wollatelier an de Käerzeworkshop op. Och d’Schmëdd ass nees zougänglech.   

Informatiounen fir d’Elteren:  

  • D’Robbesscheier fënnt een op 1. Frummeschgaass zu L-9766 Munzen. Tél:  +352 92 17 45 1 . E-mail: info@touristcenter.lu. Web: www.robbesscheier.lu        
  • Den Entréespräis läit bei 10 Euro fir Erwuessener (+9 Joer), 5 Euro fir Kanner an ass gratis fir kleng Kanner (0 bis 2 Joer). Dëse Präis gëllt nëmme fir Familljen an net fir Jugendgruppen oder Schoulklassen. Dir hutt d’Auswiel tëschent engem ganzen Dag Aktivitéiten (10.00-16.30) mat 5 Workshoppen oder engem Nomëtteg (14.00-16.30) mat 3 Workshoppen au Choix.  
  • Disponibel sinn: Kutschentour, Hausbäckerei, Woll, Gaart a Geméisgaart, Schmëdd, Seeërei, Käerzefabrikatioun an de Mini-Bauerenhaff mat Déierefidderung.  
  • De Reservatiounsformulaire fir d’Entdeckungswochen fënnt een hei
  • Iessen a souguer iwwernuechten kann een an der Robbesscheier oder am Cornelyshaff, den 10 Minutten wäit ewech ass.