Den 30. Juni 1908 ass iwwer dem sibireschen Tunguska-Floss en Himmelskierper explodéiert. D’Explosiounswell huet zéngdausende Beem op enger Fläch bal sou grouss wéi Lëtzebuerg ëmgeknéckt. Fuerscher schätzen, dass et e ronn 100 Meter groussen Asteroid war, den sech an enger Héicht vun 5 bis 10 Kilometer mat engem Knall opgeléist. Et war an der rezenter Geschicht dee Virfall an Zesummenhang mat Asteroiden oder Meteoritten, deen am meeschte Schued ugeriicht huet.

2016 hunn Astrophysiker an aner Wëssenschaftler, Astronauten a Regisseuren de weltwäiten Dag vun den Asteroiden an d’Liewe geruff, fir déi faszinéierend Himmelskierper an d’Liicht vun der Ëffentlechkeet ze réckelen. Op der ganzer Welt gëtt et dann och e Koup Veranstaltungen. Zanter dem 1. Juni lafen esou permanent Reportagen, Konferenzen an Dokumentatiounen zum Thema op dem Asteroid-Day-Kanal.

Op der Websäit asteroidday.org gëtt et eng Hellewull vu Ressourcen fir all Alter iwwer Asteroiden. Den Héichpunkt vum Programm ass den 30. Juni Owes. Och den “naturmusée” mécht beim Asteroid Day mat an zwar den 30. Juni mat enger Féierung vun 12.30 bis 13.30 duerch d’Ausstellunge vum Musée iwwer Asteroiden an aner Himmelskierper. De Musée huet och eng Meteorittesammlung.

Informatiounen fir d’Elteren